/

Aktiven Déngscht

Am CIS Stengefort-Käerch bidde mir de Leit zwee Déngschter un. De Secours à personnes (SAP) an den Incendie-Sauvetage (INCSA). Am follgenden erkläre mir Iech kuerz mei genau wat mir an deenen 2 Beräicher maachen.

SAP

Dëse Beräich ëmfaasst am CGDIS alles wat d’Ambulanzen an de First Responder Déngscht betrëfft. Am CIS Stengefort-Käerch hu mir op eisem Standuert zu Stengefort 2 Ambulanzen (RTW) stoen. Dës Ambulanze ginn am Moment reng vu fräiwëllegen besat, déi dëst an hirer Fräizäit, nieft hirem normalen Alldag, maachen. Dësen Déngscht gëtt vu ca. 40 Leit sou gutt wéi méiglech assuréiert. D’Missiounen am SAP Beräich kënne ganz staark variéieren, vu Verkéiersaccidenter bis zu alle méiglegen Urgencen oder Transfert’en an d’Ausland.

INCSA

Am Incendie/Sauvetage Beräich, wei den Numm et seet, këmmere mir eis ëm Bränn, Verkéiersaccidenter an aner technesch Hëllefsleeschtungen. Fir dëst sou gutt wie méigleg ze erfëllen hu mir e puer Gefierer zu Stengefort wei och zu Käerch stoen déi speziell fir hier divers Missiounen ausgeluecht sinn. Mei dozou fannt dir ënnert der Rubrik „Fuhrpark“. Eis Haaptgefier mat deem mir quasi alles ofschafen kënnen ass eisen HLF (Hilfeleistungs-Lösch-Fahrzeug) zu Stengefort. Den INCSA Déngscht gëtt vu ca. 30 fräiwëllegen Leit assuréiert déi am Fall vun enger Urgence vun doheem an den Zenter gefuer kommen.

Diese Website benutzt Cookies. Wenn du die Website weiter nutzt, gehen wir von deinem Einverständnis aus.Einverstanden